My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

N. Wei entwéckele sech d'Exekutiv Funktiounen?

Exekutiv Funktioune setzen am frontalen Deel vum Gehir, dem sougenanntene Prefrontale Cortex deen een direkt hanner der Stir fënnt. De Prefrontale Cortex ass beim klenge Kand nach net vollstänneg ausgeprägten an entwéckelt sech virun allem während der Kandheet - vum Puppelche bis hin zu den Teenager Joren.

Mir wëssen haut dass engem Kand séin Ëmfeld eng grouss Roll an der Entwécklung vun sengen Exekutiv Funktiounen ka spillen. An enger rezenter Fuerschungsaarbecht hun mir erausfonnt dass Kanner aus sozioekonomesch schwaache Milieuen oft manner ausgeprägten Exekutiv Funktiounen opweisen. Mir mengen dass dëst doru leit dass méi aarm Famillen hire Kanner eventuell net déi Stimulatioune kenne bidden déi néideg sin fir dass sech d’Exekutiv Funktioune kennen optimal entwéckelen.

No comments:

Post a Comment