My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

P. Exekutiv Funktiounen a Méisproochegkeet

Eng Rei vun Étuden hu gewisen datt d’Situatioun vun der Zweesproochegkeet Exekutiv Funktioune bei Kanner fördert. Bilingue Kanner sinn oft besser wei monolingue Kanner an Aufgaben déi Exekutiv Funktioune moossen. Dëst ass dorops zeréckzeféieren dass multilingual Kanner zwëschent verschiddene Sprooche mussen hin an hir wiesselen (switchen), an hir Sproch dem Ëmfeld mussen upassen. Des Kanner trainéieren also sou Gehirprozesser déi näischt direkt matt der Sprooch ze dinn hunn, nämlecht d’Exekutiv Funktiounen.

No comments:

Post a Comment