My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

‘Aarbechtsgediechtnes’, wat ass dat?

Aarbechtsgediechtnes ass eis Kapazitéit fir Informatiounen iwwert eng kuerz Zäit ze verhalen a gläichzäiteg ze verschaffen. D’Aarbechtsgediechtnes ass also eng Aart vu mentalem Notizblock de benotzt gëtt fir wichteg Informatiounen aus dem alldeegleche Liewen ze späicheren.

Ee gutt Beispill vun eng Aktivitéit wou d’Aarbechtsgediechtnes zum Asaz kënnt ass Kapprechnen. Probéiert mol fir 56 mat 17 ze multiplizéieren ouni Bic a Blat oder Rechemaschinn ze benotzen. Fir d’alleréischt mussen déi zwou Zuelen 56 a 17 am Aarbechtsgediechtnes gehale gi. Da gi schons gewosste Regelen vun der Multiplikatioun ugewannt déi zu neien Zuele féieren, déi nees eng Kéier am Aarbechtsgediechtnes musse bleiwe fir zum richtege Resultat ze kommen. Ouni d’Aarbechtsgediechtnes wiere mir net fäeg fir sou komplizéiert Aufgaben am Kapp ze rechnen. Fir dëse Problem ze léise musse mir verschidden Informatioune verhalen (z.b. déi eenzel Resultater) während deem aner Informatioune verschafft gi (multiplizéieren oder addéiere vun de verschiddene Resultater).

No comments:

Post a Comment