My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Ass d’Aarbeschtsgediechtnes dat selwecht wei Intelligenz?

Aarbechtsgediechtnes an Intelligenz (oder IQ) sin staark verbonne mee déi zwee ënnerscheede sech an enger wichteger Saach: Moosse vum Aarbechtsgediechtnes gëtt eis eng Iddi vun engem Kand sengem Léier Potential. Heiranner ënnerscheet sech d’ Aarbechtsgediechtnes vun engem IQ Test deen oft Wësse moosst dat Kand doheem oder an der Schoul geleiert huet. Tester vum Aarbechtsgediechtnes allerdéngs moossen net des ugeléiert Fäegkeeten, mee dem Kand seng Kapazitéit (oder säi Potential) fir nei Informatioun opzehuelen an ze verschaffen (Engel, Santos, & Gathercole, 2008).

No comments:

Post a Comment