My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Huet d’Aarbechtsgediechtnes Limiten?

Leider kenne verschidde Situatiounen d’Aarbechtsgediechtnes limitéieren. Hei puer Beispiller:

· Oflenkung
Ee plëtzleche Gedanken oder eng Ennerbriechung kënnen den Inhalt vum Aarbechtsgediechtnes auswëschen

· Zevill Informatiounen oder ze schwiereg Aufgaben
D’Quantitéit vun den Informatiounen déi mir am Aarbechtsgediechtnes kënnen halen ass limitéiert. Wa mir zum Beispill probéieren 589 mat 923 am Kapp ze multiplizéieren ass et gutt méiglech datt mir eis iren. Sou eng Aufgab iwwerfuerdert d’Aarbechtsgediechtnes vun deene meeschte Leit.

No comments:

Post a Comment