My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Wat geschitt wann Informatiounen aus dem Aarbechtsgediechtnes verluer ginn?

Wann Informatiounen aus dem Aarbechtsgediechtnes verluer ginn, si se fir ëmmer fort. Wann sou eppes geschitt muss een d’Informatiounen nees eng Kéier nei an d’Aarbechtsgediechtnes aginn. Bei enger Kapprechnung zum Beispill, misst een d’Rechnung nees vu vir ufänken.

No comments:

Post a Comment