My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Ass d’Aarbechtsgediechtnes vu Persoun zu Persoun verschidden?

All Mënsch huet seng perséinlech Aarbechtsgediechtnes Limiten. Sou kann zum Beispill eng schwiereg Kapprechnung d’Aarbechtsgediechtnes vu verschiddene Leit iwwerfuerderen, während anerer kéng Problemer hunn fir sou eng Aufgab am Kapp ze rechnen.

D’Kapazitéit vum Aarbechtsgediechtnes entwéckelt sech besonnesch während der Kandheet. Kanner hunn normalerweis eng zimlech kleng Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit, déi graduell an d’Lut geet bis hin zu den Teenager-Joere wou den Erwuessenen Niveau erreecht gëtt (ongeféier 2 bis 3 mol méi grouss wéi bei engem 4 Joer ale Kand).
Ënnerscheeder an der Kapazitéit vum Aarbechtsgediechtnes kënne bei Kanner ganz grouss sinn. Dacks ass et de Fall datt Kanner mat niddereger Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit dëse Réckstand net ophuelen.

No comments:

Post a Comment