My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Kann een d’Kapazitéit vum Aarbechtsgediechtnes moossen?

D’Moosse vum Aarbechtsgediechtnes ass eigentlech ganz einfach. Mir hunn eng Rei Aufgaben entwéckelt fir d’Aarbeschtsgediechtnes bei Kanner zu Lëtzebuerg ze testen (Engel, 2009). Dës Tester kënne scho kléng Kanner aus der Spillschoul leisen. An deene meeschten Aufgaben geet et dorëm Informatiounen ze verhalen a gläichzäiteg ze verschaffen.

No comments:

Post a Comment