My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Beaflosst d’ Aarbechtsgediechtnes d’Léieren?

An engem grousse Fuerschung Projet un deem 122 Lëtzebuergesch Kanner deelgeholl hunn, hu mer gesinn datt Tester vum Aarbechtsgediechtnes an der Spillschoul engem Kand säi schoulesche Progrès 2 Joer méi spéit konnte virausgesinn (Engel, 2009). De Kanner hiert Aarbechtsgediechtnes gouf an der Spillschoul getest, zesumme matt Tester aus aner kognitive Beräicher wei z.b. IQ oder phonologësch Bewosstheet. Zwee Joer méi spéit sinn déi selwecht Kanner am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen, Liesen, Schreiwen, a Rechnen getest ginn.

D’Aarbechtsgediechtnes an der Spillschoul war staark matt de Léierberäicher déi am 2ten Schouljoer getest goufe verbonnen. D’Aarbechtsgediechtnes ass kloer als beschte Predikter rausgestach - besser wei IQ oder phonologesch Bewosstheet - fir schoulesch Leeschtungen 2 Joer méi spéit.

Wann een d’Kanner am zweete Schouljoer op Grond vun hirer Aarbechtsgediechtnes Kapazitéit an zwou Gruppen opdeelt, weisen d'Resultater däitlech dass méi héich Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit mat bessere schoulescher Leeschtung verbonnen ass. D’Resultater hu weider gewisen dass d’Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit besonnesch d’Liesen, d’Schreiwen, an d’Rechene betrëfft.

No comments:

Post a Comment