My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Wei kann een Problemer mam Aarbechtsgediechtnes ërkennen?

Leider gin Problemer mam Aarbechtsgediechtnes vun den Enseignanten oft mat Problemer matt der Opmierksamkeet verwiesselt. Betraffe Kanner ginn dacks als Dreemer beschriwwen, oder als Kanner déi liddereg sinn oder einfach un näischt Intérêt hunn. Eng typesch Beschreiwung vun engem Kand matt Aarbeschtsgediechtnes Problemer ass ‘et geet zu deem engen Ouer ran an deem aner raus’.

Et ginn eng Partie Mierkmoler un deenen ee Kanner matt Arbechtsgediechtnes Problemer an der Klass erkenne kann:

* d’Kanner sinn normalerweis sozial gutt integréiert;
* a Klassenaktivitéiten sin si éischter zréckhalend;
* behuele sech oft wéi wa si net opgepasst hätten;
* hunn Problemer Aufgaben ze léise wou ee muss Saache verhalen a gläichzäiteg verschaffen
* bei komplizéierten Aufgabe gi si oft duercherneen;
* hunn meeschtens general Léierschwiergekeeten, besonnesch am Liesen, Schreiwen, a Rechnen.

No comments:

Post a Comment