My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Firwat ass d’Aarbechtsgediechtnes beim Léiere sou wichteg?

D’Aarbechtsgediechtnes ass wichteg well et ee mentalen Aarbechtsraum duerstellt, an deem Informatioune kënne gespäichert gi während deem mat deene selwechten, oder aneren Informatioune geschafft gëtt. Dës Fäegkeet (vum gläichzäitege Verhalen a Verschaffen) brauch ee Kand a ville Klassenaktivitéiten.

An der Schoul mussen d’Kanner oft Informatioune verhale während deem se an enger anerer schwiereger Aktivitéit engagéiert si. An engem Diktat zum Beispill, muss de Saz deen ze schreiwen ass verhale ginn, während deem d’Kand muss iwwerleeë wei déi eenzel Wieder geschriwwe ginn.
Kanner mat niddereger Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit hunn oft Problemer matt sou Aufgabe well si Schwieregkeeten hunn fir déi néideg Informatiounen am Aarbechtsgediechtnes ze halen. Si vergiessen dacks eng ganz Rei Saachen, zum Beispill d’Wieder déi si solle schreiwen, d’Instruktioune vun der Aufgab, a sou weider. Besonnesch d’Schreiwe felt Kanner matt Aarbeschtsgediechtnes Problemer schwéier. Oft widderhuele si Buschtawen oder Wieder oder loossen se complet ëwech.

No comments:

Post a Comment