My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Aarbechtsgediechtnes a spezifesch Léierschwieregkeeten

D’Majoritéit vun de Kanner mat spezifesche Léierschwieregkeeten am Sproocheberäich oder am Rechnen hu Problemer mam Aarbechtsgediechtnes (fir weider Informatioune – Pickering, 2006). Hei puer Beispiller:

Legastenie / Dyslexie

Legastenie (oder Dyslexie) ass eng spezifesch Léier-Schwieregkeet déi besonnesch Liesen a Schreiwe beaflosst. Niddereg Aarbechtsgediechtnes-Kapazitéit a Legastenie si staark verbonnen. Verschidde Fuerscher mengen datt nidderegt Aarbechtsgediechtnes eng vun den d’Haaptursaachen ass vun de Lies a Schreif Problemer vu Legasteniker. Beim Liesen a Schreiwe benotze mir eist Aarbechtsgediechtnes fir Buschtawe matt Sproochtéin ze verbannen, déi eenzel Téin zu Wieder zesummenzesetzen, an d’Wieder dann zu Sätz ze formen. Wa mir zum Beispill d’Wuert “Kilo” gesinn musse mir wësse wei all eenzelne Buschtaf ausgeschwaat gëtt - [K], [I], [L], [O] an dann déi eenzel Téin zu engem Wuert zesummesetzen – [Kilo]. Et ass also net erstaunlech datt Kanner matt nidderegem Aarbechtsgediechtnes mam Liesen a Schreiwe Problemer hunn.

ADHD - Hyperaktivitéit

Och Kanner matt ADHD hu meeschtens Problemer mam Aarbechtsgediechtnes. Allerdéngs si net all d’Kanner matt Aarbeschtsgediechtnes Problemer hyeraktiv. Am Geigendeel, rezent Fuerschungaarbechten hu gewisen datt Kanner matt Aarbechtsgediechtnes Problemer oft kéng impulsiv oder hyperaktiv Symptomer opweisen an de normale Klassenoflaf oft net weider stéiren.

No comments:

Post a Comment