My photo
Postdoctoral Research Fellow, University of Luxembourg
Wëllkomm op mengem Blog. Ech free mech fir Ären Intérêt u menger Fuerschung matt Kanner zu Lëtzebuerg. Dëse Site soll derzou dinge fir Iech d’Konzepter 'Aarbechtsgediechtnes' an 'Exekutif Funktiounen' méi nozebréngen. Dier fannt hei Informatiounen iwwert de Lien tëschent dem Aarbechtsgediechtnes/Exekutif Funktiounen an dem Léieren bei Kanner; méiglech Léierschwieregkeete vu Kanner mat Aarbechtsgediechtnes-Problemer; a wei een des Problemer an der Klass kann erkennen an entgéintwierken. Dir hutt och d'Méiglechkeet Iech puer Informatiounen iwwert meng Fuerschung unzekucken an unzelauschteren an engem Interview um DNR an an engem Reportage um RTL Tele Lëtzebuerg am Kader vun der Emissioun Kloertext (Thema Méisproochegkeet am Enseignement). Klickt einfach hei drënner op dat Thema wat Iech interesséiert a rullt da weider erof (ënnert den Deel Themen) wou Dier déi gesichten Informatioun da fannt. Fir weider Froe stinn ech natierlech gär zur Verfügung. Pascale.Engel@uni.lu

Wéi kann ee Kanner mat Aarbechtsgediechtnes Problemer an der Klass weiderhëllefen?

Deen éischte wichtege Schrëtt ass fir Aarbechtsgediechtnes-Problemer ze ërkennen an net d’Kand einfach als liddereg oder oninteresséiert ofzestempelen. Dëst ass net sou einfach, besonnesch well deene meeschten Enseignanten de Begrëff Aarbechtsgediechtnes friem ass. An desem Blog sin eng Rei Mierkmoler opgelëscht un deenen ee Kanner matt eventuellen Aarbechtsgediechtnes-Problemer an der Klass kann ërkennen.

Eltere mierke villäicht och doheem datt hiert Kand eventuell een Aarbechtsgediechtnes-Problem huet a kennen dann den Enseignant dorop uschwätzen, oder an ee Service de Guidance goe fir dem Kand säin Aarbechtsgediechtnes testen ze loossen.

Wann de Problem dann bis richteg erkannt ass kann den Enseignant eng Rei Strategien an der Klass uwenden fir dem betraffene Kand weiderzehëllefen. Zum Beispill kennen d’Aufgaben sou gestalt ginn datt d’Aarbechtsgediechtnes net allzevill belaascht gëtt (Fir weider Informatioune melt Iech weg beim Pascale Engel)

No comments:

Post a Comment